13.06.2005: Rafael Springer (Konschttip) 

 Index des critiques

  Titulaire vum Pierre-Werner-Präis, ass de Rafael Springer ee vun deenen Artisten, déi mat vill Engagement eng Konscht vertrieden, déi nach éierlech ass. Wuel huet hie beim CAL senger Initiativ CAL en Générale eng aus Pneueschläich zesummengesaaten Installatioun ageriicht, wuel realiséiert hien och heiansdo artistesch Aktiounen, mee am Fong als den Artist e Moler a bäileefeg och e Sculpteur. Seng Molerei ass eng mat Faarflinnen a Faarfkompositiounen, woubei hien d’Gamme vun den Tonalitéiten gäre vum Grellste bis zum Schwaarz spaant. Seng Markenzeechen si Faarflinnen, net mam Pinsel obgedroen, mee mat der Tube gesprëtzt oder gedréckt a gezunn, esou dass hei méi oder manner déck an dënn Faarffiedem entstinn, déi hie queesch oder riicht, an einfache Kompositiounen oder stärenarteg focuséiert iwwer d’Toile laafe léisst, net ouni dëser och e faarwlechen Hannergrond verpasst ze hunn. Viru Joeren huet hien domat iwwerrascht, a mat sengen deemols schwaarzen a roude Faarffiedem ob monumentale Biller war den Effekt och beandrockend. An der Tëschenzäit huet hien dës weider gesponnen, d’Verlaafmuster vun dëse Faarffiedem geännert, grad wéi och d’Faarfgamme eng Grëtz méi grell gestalt. Elo begnügt hien sech och net méi dermat e Faarffong obzedroen, mee hie gestalt mat aner Materialien oder Faarffiedem Figuren ob d’Toile. Heidurch erschéngen ob engem monochrom dominéierte Faarffeld en filigrane Figure, Muster, déi diskret awer konturnéiert eraustrieden. Niewent dëser Variatioun gëtt dës Expositioun mat 34 Biller an ënnerschiddleche Formaten net nuren durch e méi grousst faarflecht Verwirrspill mat sengen «online-multicolored stripes» markéiert, mee och durch eng Serie vu sougenannte «fingered» Biller. Hei geet hien nom nämlechte Prinzip vir, zitt seng Faarffiedem meescht horizontal durch d’Bild, mee en dréckt dës mam Fanger platt an zitt se dann duerch. Kuurz, un der Kompositioun an der Faarfkonstellatioun gëtt näischt geännert, eleng de Relief gëtt erausgeholl an déi schlank elegant Fiedem zu zentimerterbreede Linnen ëmgewandelt. Dës 8 Wierker ginn da mam Expositiounsmotto «TMSIDNWTA» ëmschriwwen, wat esou vill bedeit, wéi «Too many stories I don’t wanna talk about». All seng Biller zeechnen sech durch eng Art Vexierspill aus, et brauch een eng Zäit bis een d’Linne geuerdnet an d’Bild als Ganzt fixéiert huet. Véier Wierker mam Sammeltitel “100 titres nr 0,2,5,6” reflektéieren e Bléck an eng mikrokosmesch Welt, en Netzwierk u klenge Molekülen a verbannende Linnesträng, déi ëppes mysteriöses erëmginn, méi opulent an der Gestaltung awer vläicht manner rigouréis an der Ausdrockskraaft. Niewt de Biller nach drei Skulpturen, fir d’éischt emol eng monumental mam Titel “screwed” eng Kompositioun aus Pneuskarkassen, wéi hien se och ewëll zu Esch beim Skulptureparcours viru Joeren gewiesen huet, dann “La belle à la peu d’orange”, eng Statue aus Orangeschuelen iwwergoss, déi vun Holzcolle fermentéiert gëtt an esou méi eng terne Ausstrahlung huet, an en interessanten Objet “Die letzte Liebesnacht”, eng schuelenarteg Konstruktioun aus Eisen – a Kofferdroht, Watt, Leim a Lieder. Allen dräi Skulpture weisen, wéi afallsräich a villsäiteg den Artist ass, e Kënschtler, deen et säit 1982 versteet, emmer nees ze iwwerraschen, ouni awer déi an der Approche ageschloe Weeër esou richteg ze verloossen. Eng gewëss Konstanz am Wierk ass schonns hei derbäi. Rafael Springer, Biller a Skulpturen, bis den 8. Juli an der Galerie Schlassgoart zu Esch-Uelzecht ze gesinn. 

Fernand Weides